No leider enger Ëmbuchung vum Vol ( wéinst Faillite vun Germania ) sinn mir den 17.02.2019 iwwer Helsinki zu Kittilä ukomm. Iwwerrumpelt vun der Keelt an awer mat grousser Virfreed op déi nächst Deeg ass et mam Bus weider an eist Hotel ( Spa Hotel Levitunturi) gaangen. Vue dass mir sou spéit u waren mat der Buchung vun onser Vakanz waren d‘Hoteler schonn zimlech all ausgebucht. D‘Spa Hotel Levitunturi haat alles daat wat een gebraucht huet allerdéngs war et net eisen éischten Choix gewiecht. E bëssen méi Komfort huet ons gefeelt. D‘Hotel louch 20m vum Wildnordicoffice fort, vu wou all ons Ausflich gestart sinn. Zoudem haat den Hotel een Restaurent wou een huet missen zousätzlech d‘Iessen bezuelen mee mat enger immens gudder eenheemecher Kichen an enger ganz schéiner Location.

1 Dag : Deen éischten Dag sinn mir mat den Motorschlitten op eng Renndéierfarm gefuer. Mir haten immens fill Spaass beim Motorschlitten fueren. Deieren op der Farm waren gutt gehalen an hunn ons zum Staunen bruet. Mir konnten d’Rendéieren fidderen an fill Fotoen maachen. No enger Faart mam Renndéierschlitt déi leider bëssen kuerz war an Deieren een op deem aneren getrëppelt sinn an enger Stäerkung ass et dunn och schonn erëm zeréck gaangen.

2 Dag : Den 2ten Dag sinn mir mat eisem Guide op een zougefrueren Séi Eisfeschen gaangen. D‘Material hat onsen Guide matbruecht. Fir d‘eischt hu mer en Lach duerch d‘Eis geschnidden. Duerno kruten mir eng Aangel an hunn missen waarden bis dann endlech een Fësch géif ubäissen. No laanger Gedold hu mir dunn een Fësch gefaangen. Mir hunn dësen duerno erëm frei gelooss. Doduerch dass d‘Temperaturen fir Februar schonn zimlech héich waren war d‘Eis ënnen schonn zimlech vill geschmolt.( Trotzdeem nach ëmmer zweschend -15 & -25 Grad) Et war schéin des Aktivitéit eng Kéier matgemaach ze hunn an vum Guide villes gewuer ze ginn iwwert d’Eisfeschen an Lappland. Och nom Eisfeschen kruten mir een Schocki Kaffi an eng kleng Stäerkung. Duerno huet onsen Guide ons erëm zeréck bruet. No enger klenger Erhuelung am Hotel , haten mir eng Tour mam Motorschlitten gebucht an sollten dobäi d‘Polarlichter gesinn. Wéinst deem fillen Schnéi hunn mir leider d‘Polarlichter net gesinn. Mee et huet immens fill Spaass gemaach am däischteren mam Motorschlitten duerch den Bësch an iwwer Séien ze fueren. An enger gemittlecher Hütt am Bësch hat een gudden Mann ons Kaffi & Kuch offréiert. Duerno sinn mir erëm den Wee zeréck gefuer.

Dag 3: Den 3ten Dag sinn mir mam Taxi an d‘Elfenland gefuer. Hei huet deen gielen Elf ons duerch säin Elfenland gefouert. Dat ganzt klengt Land ass immens léif opgebaut, alles am Detail berescht an mat fill Häerz opgebaut. Déi ganz Landschaft huet ons immens gutt Gefall. Mir hunn Kichelcher gebaakt an een Bréif dem Kleeschen hannerloos. Also fir all Chrëschtdaagsfrënd en absoluten MUSS !! Owes sinn mir mam Shuttle vun der Ranch ofgeholl ginn. No 40 min Autofahrt sinn mer dunn op der wonnerschéiner Ranch ukomm. Mir waren begeeschtert vun der ganzer Anlag an vun deem ganzen Charme deen des Ranch ze bidden hat. Wei mir ukomm sinn konnten mer Zeilen vun enger Hochzäit op der Draamplaatz ginn. Op enger Wiss waren lauter Rendéieren woufir och ëmmer Fudder parat stoung fir Deieren ze fidderen. Mir sinn ganz häerzlech empfaangen ginn an kruten direkt onst klengt Haischen gewisen. Desst Haischen war esou schéin opgebaut, mat engem Daach aus Glas an och säitlech alles aus Glas fir d‘Natur an den Himmel ze gesinn. Mir haten ons fir deen Owend d‘Sauna an den Whirlpool fir 1h reservéiert. Et war perfekt fir ze entspanen an den Moment ze genéissen. D‘Iessen Owes am Restaurant an och moies den Frühstück niewent den Rendéieren war perfekt. Vue dass mir Chance mam Wieder haten konnten mir en wonnerschéinen Sonnenënnergang genéissen. Eisen perséinlechen Highlight war dunn allerdéngs wei mir am Pyjama aus onserem Bett aus op bemol gréng Luuchten um Himmel entdeckt hunn . Des Luuchten sinn ëmmer méi staark ginn bis se an d‘bloot iwwer gaangen sinn. Wei Luuchten déi sech um Himmel wei Wellen beweegt hunn. En Dram !! An voller Euphorie sinn mir eraus gelaf fir des Polarliichter weider ze bestaunen. Deen aneren Dag nom Frühstück sinn mer ofgeholl ginn fir op onsen leschten Ausfluch.

4 Dag: Den 4. Dag sinn mir mam Bus bis op d‘Huskysfarm gefuer. Hei kruten mir kuerz erkläert wei mir ons um Schlitt verhalen sollten. Mir konnten d‘Henn heemelen an se all kenneléieren. D‘Henn waren gudd gehalen an hunn zefridden gewierkt. Mir sinn ongeféier 45min vun den Huskyen mam Schlitt gezunn ginn , dat wor immens flott allerdéngs ass et duerch den Wand zimlech séier kal ginn. Duerno ass den Bus eis erëm sichen komm an huet ons zeréck op Levi bruet wou mir drop gewaart hunn ofgeholl ze ginn fir op den Fluchhafen, wou et dunn leider erëm Heem gaangen mat engem Tëschestopp zu Helsinki. Merci fir déi mega cool Vakanz !!

Ce voyage vous a inspiré et vous souhaitez créer le vôtre ?

Nous appeler Nous écrire

Cet article vous a plu ? N’hésitez pas à le partager !

Un voyage inspiré par :

Photo du voyageur "Anne Kremer"

Anne Kremer

27 Jahre alt - Luxembourg

Où ?

Norvège - Suède - Finlande

Quand ?

En hiver

Durée du voyage

1 à 8 jours

Avec qui ?

En couple

Les conseils de Anne Kremer

Villmols MERCI un d‘MANON waat ons des Vakanz gebucht huet!! Mir woren immens begeeschter vun deenen 5 Deeg a Lappland! Northernlightranch ass een MUSS!! Mir empfehlen minimum 2 Nuechten do ze bleiwen. Aussedem ass et ganz wichteg gudd Kleeder anzepaacken oder sech där zouzeleehen!!

Le top :

Fir ons daat bäscht un onser Rees waren d‘Polarlichter an der Northern Lights Ranch ⭐️

Un voyage sur-mesure créé par nos experts Demandez un conseil

Page précédente
  • Un interlocuteur unique pour votre séjour

  • Une expertise reconnue

  • Votre voyage 100% sur mesure

  • Des partenaires de confiance et de qualité

Nous appeler (+352) 40 28 28 - 34 Nous écrire inspirations@vew.lu
Remonter en haut de page